De klenge Männchen Vollékslidd Et war ee klenge Männchen, derji, derja, derjo, deen hat eng groussech Frächen, elo, elo, elo Déi Fräche wollt op d'Kiirmes gon, derji, derja, derjo, de Männchen, dee wollt mat er gon, elo, elo, elo "Mäi Männchen, du bleifs mir am Haus, spulls d'Schosselen an d'Tellren aus!" "Dir wäärd dach nët vergiessen, wat kréien ech dann z'iessen ?" "En Dëppe Brach, dat as fir déch, mee d'Ram dervun, déi bleift fir méch!" Wéi d' Fräche vun der Kiirmes kënnt, de Männchen s’um Schmantdëppe fënt. Déi Fra, déi hëllt e Stecken. "Der Deiwel wäärd déch lecken!" De Männchen spréngt zur Fënster raus a leeft bis an hiirt Nopeschhaus. "O Nopesch, ech muss iech et son: Méng grouss Fra, déi huet méch geschlon ! " "Hätt si der ës nach besser gin, derji, derja, derjo, dat hätt ech wiirkléch gär gesin, elo, elo, elo !" (source :luxmidi)