Guy REWENIG Ennert de Rieder Aus dem Dall vun der Douro Wou d'Wäibauere sech Em d'Drauwen Um drechene Buedem rappen An d'Hären hir Fläsche Mam Schweess Vun den Aarbechter fëllen Koum d'Florbella de Sousa An eise Streech Hannerun sech huet hatt All Brécken ofgerappt Fir hei am Land D'Hëtzt vun doheem An d'Angscht ëm d'Brout Op enger secherer Schaffplaz Ze vergiessen. An enger Kleederbotzerei Huet d'Florbella geléiert D'Aën zouzemaachen D'Fauscht An der Täsch ze krëmmen Mam Kapp ze wénken De Réck ze bécken Séng Onrou Am Zam ze halen An drun ze gleewen Datt een réischt e Mënsch as Wa Mount fir Mount Deeselwechten Dag E Paiziedel weist Wéi gutt een sech hei Verkafe kann. Lëtzebuergesch